Wéinst Bauaarbechte wäert eis Campplaz an de Scoutschalet déi nächst 2 Joer leider net zougänglech a net fir Locatiounen disponibel sinn.
Mir moderniséieren a verbesseren eisen Site um Senningerbierg, fir Iech an Zukunft nach méi eng schéi Plaz um Bëschrand kënnen unzebidden. Vir-Ufroen fir d’Zäit no de Bauaarbechten oder Froen kënnt Dir gär iwwer de Reservatiouns-Formulaire hei ënnen schécken.
En raison de travaux, notre terrain de camp et le chalet scout ne seront pas accessibles ni disponibles à la location pendant les 2 prochaines années.
Aufgrund von Bauarbeiten sind unser Zeltplatz und das Pfadfinderheim in den nächsten 2 Jahren leider nicht zugänglich und nicht vermietbar.
Due to construction work, our campsite and scout chalet will not be accessible or available for rental for the next 2 years.
Eis Campplaz um Bëschrand.
Eise Chalet läit ganz roueg um Schluss vun engem Feldwee, direkt um Bësch – ouni Duerchgangsverkéier. Di grouss Wisen ëm d’Beschhaus sinn ideal fir e Weekend oder e ganze Camp am Zelt ze verbréngen.


Alles fir e richtegen Camp dobaussen.
D’Campplaz bei eisem Beschhaus ka pro Nuecht gelount ginn fir an der Wiss ze zelten – mat zouverlässeger Infrastruktur direkt niewendrun.
Grouss Zeltwiss um Bësch
Flach, gepflegt Wisen direkt um Bëschrand mat genuch Plaz fir Patrullenzelter, Gemeinschaftszelter a Geländespiller – ganz ouni Autoverkéier.
Sanitärberäich
Nieft der Campplaz kann de komplette Sanitärberäich am Beschhaus mat Toiletten, waarme Duschen a Lavaboen gelount ginn.
Gastro-Kichen & Material
D’Kichen am Beschhaus ass professionell ekipéiert (Gasherd, Spullstrooss, grousse Frigo, Dëppen a Geschier) a ka mam Material reservéiert ginn.
Feierplaz & Schwenkgrill
Eng grouss iwwerdaachte Grill- a Versammlungsplaz souwéi eng traditionell Lagerfeierplaz mat Sëtzbänken aus Holzstämme.
An eisem Chalet selwer besteet keng Méiglechkeet fir ze iwwernuechten. Et kënnen ausschliisslech d’Campplaz, d’Kichen an de Sanitärberäich gelount ginn.
De Scoutschalet an d’Campplaz sinn fir Scouts- a Jugendgruppen geduecht a stinn net fir privat Fester oder Partye zur Verfügung.
Einfach a fair Präisser.
Eis Tariffer orientéiere sech un der Gréisst vun Ärem Grupp a gëlle pro Nuecht op der Campplaz.
Manner wéi 10 Persounen
Kleng Patrullen oder Virbereedungs-Weekender
Tëscht 10 an 30 Persounen
Klassesch Branche-Weekender a kleng Campen
Iwwer 30 Persounen
Grouss Summercampen a Gruppenaktivitéiten
Campplaz reservéieren.
Dir plangt e Camp op laang Siicht oder wëllt Iech fir d’Erëffnung no eise Bauaarbechten (ab 2028) vormerken loossen? Fëllt dëse Formulaire aus – eist Team mellt sech bei Iech.
Status vun der Disponibilitéit
- 2026 – 2028 · Bauaarbechten
De Chalet an d’Campplaz sinn déi nächst 2 Joer wéinst Aarbechten net zougänglech.
- Vir-Reservatiounen & Froen
Dir kënnt elo schonn eng Ufro fir zukünfteg Campen (ab Hierscht 2028) aschécken.
- Reouverture um Senningerbierg
Mir kontaktéieren all virgemierkte Gruppen, soubal déi nei Datumer feststinn.
Allgemeng Fro un de Grupp?
Bei den allgemenge Kontakt-FormulaireEis Plaz a Biller.
Klickt op eng Foto fir se am Groussen ze kucken.
