Scouten NidderaanwenLëtzebuerger Guiden a Scouten · Grupp Schetzel
Wichteg Informatioun · Bauaarbechten (2026 – 2028)2 Joer net zougänglech
Vir-Ufro fir no den Aarbechten

Wéinst Bauaarbechte wäert eis Campplaz an de Scoutschalet déi nächst 2 Joer leider net zougänglech a net fir Locatiounen disponibel sinn.

Mir moderniséieren a verbesseren eisen Site um Senningerbierg, fir Iech an Zukunft nach méi eng schéi Plaz um Bëschrand kënnen unzebidden. Vir-Ufroen fir d’Zäit no de Bauaarbechten oder Froen kënnt Dir gär iwwer de Reservatiouns-Formulaire hei ënnen schécken.

FR

En raison de travaux, notre terrain de camp et le chalet scout ne seront pas accessibles ni disponibles à la location pendant les 2 prochaines années.

DE

Aufgrund von Bauarbeiten sind unser Zeltplatz und das Pfadfinderheim in den nächsten 2 Jahren leider nicht zugänglich und nicht vermietbar.

EN

Due to construction work, our campsite and scout chalet will not be accessible or available for rental for the next 2 years.

Scouten Nidderaanwen · Senningerbierg49.6468° N, 6.2254° E

Eis Campplaz um Bëschrand.

Eise Chalet läit ganz roueg um Schluss vun engem Feldwee, direkt um Bësch – ouni Duerchgangsverkéier. Di grouss Wisen ëm d’Beschhaus sinn ideal fir e Weekend oder e ganze Camp am Zelt ze verbréngen.

Direkt um Bësch & Autosfräi
Grouss Zeltwiss
Iwwerdaachte Feierplaz
Gastro-Kichen & Sanitär
Luftbild vum Scoutschalet an der Campplaz um Senningerbierg
Beschhaus Grupp Schetzel · 33, ZI Breedewuess
Lagerfeierplaz mat Holzstämme virum Bësch
Owes ronderëm d’Lagerfeier.
01 / Ausstattung & Terrain

Alles fir e richtegen Camp dobaussen.

D’Campplaz bei eisem Beschhaus ka pro Nuecht gelount ginn fir an der Wiss ze zelten – mat zouverlässeger Infrastruktur direkt niewendrun.

Haaptberäich

Grouss Zeltwiss um Bësch

Flach, gepflegt Wisen direkt um Bëschrand mat genuch Plaz fir Patrullenzelter, Gemeinschaftszelter a Geländespiller – ganz ouni Autoverkéier.

Zubuchbar

Sanitärberäich

Nieft der Campplaz kann de komplette Sanitärberäich am Beschhaus mat Toiletten, waarme Duschen a Lavaboen gelount ginn.

Zubuchbar

Gastro-Kichen & Material

D’Kichen am Beschhaus ass professionell ekipéiert (Gasherd, Spullstrooss, grousse Frigo, Dëppen a Geschier) a ka mam Material reservéiert ginn.

Inklusiv

Feierplaz & Schwenkgrill

Eng grouss iwwerdaachte Grill- a Versammlungsplaz souwéi eng traditionell Lagerfeierplaz mat Sëtzbänken aus Holzstämme.

Nëmmen Zelten – keng Better am Chalet

An eisem Chalet selwer besteet keng Méiglechkeet fir ze iwwernuechten. Et kënnen ausschliisslech d’Campplaz, d’Kichen an de Sanitärberäich gelount ginn.

Net fir privat Féieren disponibel

De Scoutschalet an d’Campplaz sinn fir Scouts- a Jugendgruppen geduecht a stinn net fir privat Fester oder Partye zur Verfügung.

02 / Tariffer

Einfach a fair Präisser.

Eis Tariffer orientéiere sech un der Gréisst vun Ärem Grupp a gëlle pro Nuecht op der Campplaz.

01

Manner wéi 10 Persounen

Kleng Patrullen oder Virbereedungs-Weekender

50 €Forfait pro Nuecht
02

Tëscht 10 an 30 Persounen

Klassesch Branche-Weekender a kleng Campen

5 €pro Pers. / Nuecht
03

Iwwer 30 Persounen

Grouss Summercampen a Gruppenaktivitéiten

4 €pro Pers. / Nuecht
04 / Reservatioun & Vir-Ufro

Campplaz reservéieren.

Dir plangt e Camp op laang Siicht oder wëllt Iech fir d’Erëffnung no eise Bauaarbechten (ab 2028) vormerken loossen? Fëllt dëse Formulaire aus – eist Team mellt sech bei Iech.

Status vun der Disponibilitéit

  1. 2026 – 2028 · Bauaarbechten

    De Chalet an d’Campplaz sinn déi nächst 2 Joer wéinst Aarbechten net zougänglech.

  2. Vir-Reservatiounen & Froen

    Dir kënnt elo schonn eng Ufro fir zukünfteg Campen (ab Hierscht 2028) aschécken.

  3. Reouverture um Senningerbierg

    Mir kontaktéieren all virgemierkte Gruppen, soubal déi nei Datumer feststinn.

Allgemeng Fro un de Grupp?

Bei den allgemenge Kontakt-Formulaire
Wichtegen Hiwäis: Zou wéinst Bauaarbechten (2026–2028)

Wéinst Aarbechte ronderëm eise Scoutschalet ass d’Plaz déi nächst 2 Joer net zougänglech. Dir kënnt hei awer gär eng Vir-Ufro fir d’Zäit no de Bauaarbechten (ab Hierscht 2028) oder eng allgemeng Fro schécken.

01

Grupp & Kontaktpersoun

02

Zäitraum & Gruppengréisst

22 Pers.
03

Gewënschte Beräicher & Richtpräis

Onverbindleche Richtpräis

22 Pers. × 5 € / Nuecht · 2 Nuechten

220 €110 € / Nuecht

Keng Iwwernuechtung bannen am Chalet · Net fir privat Féieren disponibel.

05 / Abléck

Klickt op eng Foto fir se am Groussen ze kucken.